Zweiwelen

ass logesch

(a gesond)

Ech zweiwelen heiansdo un deem, wat ech liesen, gesinn oder héieren, well…

  • Ech liesen an héiere vill Meenungen um Internet, mee net all dovu ginn an „den Noriichten“ thematiséiert.
  • Ech vun Zäit zu Zäit Feeler an offiziellen Noriichtenartikelen entdecken.
  • Ech d’Gefill hunn, dass just nach iwwer Sensatiounsnoriichte bericht gëtt oder d’Noriichte schénge mer iwwerdriwwen duergestallt.
  • Theemen, déi fir d’Leit wichteg sinn, an den Noriichte vill ze wéineg Opmierksamkeet geschenkt gëtt.
  • Et schéngt, datt ëmmer déi nämmlecht Experten eng Bün kréien an nëmmen si däerfen hir Meenung deelen.
  • Et schéngt, wéi wann et just negativ oder schlecht Noriichten iwwer bestëmmt Gruppe gëtt (jonk Leit, eeler Leit, Migranten…)
  • Eng riseg Mass un Informatioune verfügbar ass. Ech weess net méi, wat ech liese soll, well d’Quantitéit u Contenuen esou iwwerwältegend ass.
  • Dat wat ech liesen, net mat menger Weltusiicht oder mengen Iwwerzeegungen iwwereneestëmmt.
  • D’Leit heiansdo Fake News verbreeden, an ech net weess, wéi ech iwwerpréiwe kann, wat wouer ass a wat net.

Den Internet kann eng interessant Ergänzung zu regelméissegen Neiegkeeten sinn.

Et stëmmt: Net all Noriichten oder all Meenunge kënnen an Zeitungen, Noriichtesendungen oder Analysenemissiounen ofgedeckt ginn.  An natierlech iwwersi Journalisten an Noriichtemedien heiansdo Deeler vun enger Geschicht oder maache Feeler.

Dowéinst kann den Internet eng interessant Ergänzung zu de regulären Noriichte sinn. Mee et gëtt esou vill Informatiounen dobaussen, dass et guer net sou einfach ass, fir ze entscheeden, wéi eng Informatioune wouer oder zouverlässeg sinn a wéi eng net. An da fänkt een un ze zweiwelen…

Zum Gléck gëtt et e puer praktesch Tipps, fir beim Zweiwelen e bësse méi selbstsécher ze sinn! 

4 Tipps fir méi Gewëssheet beim Zweiwelen