Wann ech

zweiwelen,

da schwätzen

ech mat

enger

Vertrauenspersoun

Zweiwelt Dir un Informatiounen, déi Dir (online) fonnt hutt? Sidd Dir Iech net sécher, ob Dir gleewe sollt, wat Dir liest, gesitt oder héiert? Diskutéiert mat aneren doriwwer!

Diskutéiert et mat deene ronderëm Iech

Wann Dir Iech net sécher sidd, wou Dir direkt Äntwerten op all Är Froe fannt, schwätzt mat enger Persoun aus Ärem Ëmfeld (Frënn, Aarbecht, Hobbyen asw.) doriwwer a sicht am beschten zesummen no Äntwerten.

Divergent Meenungen sammelen

Hutt Dir den Androck, datt jiddereen an Ärem sozialen Ëmfeld op déi selwecht Aart a Weis denkt? Wärend d’Medien eppes anescht suggeréieren? Tauscht Iech mat Leit aus, déi eng aner Meenung hunn, fir déi ganz Geschicht ze verstoen.

Bleift oppen

Zweiwel iwwerwannen heescht net, säi Standpunkt als den eenzeg valabelen unzegesinn. Bleift oppe fir aner Perspektiven.

Dialog amplaz Debatt

Probéiert, openeen ze lauschteren a Verständnis ze weisen, amplaz ze probéieren, ze iwwerzeegen.

Heiansdo kann e Gespréich mat enger anerer Persoun Iech hëllefen, Är Gedanken an Zweiwel auszedrécken oder besser a méi zouverlässeg Informatiounen an Äntwerten ze fannen. Ëmmer nach net zefridde mat der Äntwert? Traut Iech ze recherchéieren, Iech Zäit ze loossen oder en Expert ze froen.