Wann ech

zweiwelen,

da sichen

ech aner

Informatiouns

quellen online

Zweiwelt Dir un Informatiounen, déi Dir (online) fonnt hutt? Sidd Dir Iech net sécher, ob Dir gleewe sollt, wat Dir liest, gesitt oder héiert? Fänkt u mat sichen!

Eng Vilfalt vu Quellen

Sech op eng eenzeg Quell ze verloossen, geet oft net duer, fir ze bestëmmen, wéi akkurat dës ass. Sicht weider.

Zouverlässeg Quellen

Eng Quell deckt méiglecherweis net déi ganz Geschicht of. Sicht weider a vergläicht Informatiounen aus verschiddene Quellen, fir e méi komplett Bild ze kréien.

Stoppt net op der éischter Säit vun de Resultater

Kuckt méi wäit, ewéi déi éischt (Werbe-)Säiten op Google oder anere Sichmaschinnen.

Fannt d’Websäit an d’Intentioun

Iwwerpréift, wien de Contenu ursprénglech gedeelt huet, an iwwerleet, firwat dës Persoun dës spezifesch Informatioun online deelt. Vläicht ziilt d’Informatioun éischter dorop of, Iech ze iwwerzeegen oder zu engem Kaf ze encouragéieren, amplaz akkurat Detailer ze liwweren?

Fannt d’Websäit an d’Intentioun

Wann Dir Iech net sécher sidd, wéi Dir effikass am Internet siche kënnt, kéinten Iech dës Tipps hëllefen, d’Originn vun Noriichten ze fannen: Kuckt Iech dës Videoe vun AFP un.

Denkt dorun, dass d’Sich no (korrekten) Informatiounen e Prozess mat Héichten an Déiften ass, deen net ëmmer ganz natierlech ofleeft. Et ka stresseg sinn an heiansdo esouguer zu nach méi Onkloerheet féieren. Dat ass vëlleg normal! Ëmmer nach net zefridde mat der Äntwert? Huelt Iech roueg Zäit, diskutéiert mat enger anerer Persoun doriwwer, oder frot en Expert.