Wann ech

zweiwelen,

da froen ech

Hëllef bei

Experten

Zweiwelt Dir un Informatiounen, déi Dir (online) fonnt hutt? Sidd Dir Iech net sécher, ob Dir gleewe sollt, wat Dir liest, gesitt oder héiert? Frot en Expert!

Diskutéiert et mat Faktenchecker

Esou vill Informatiounen, esou vill Meenungen, esou vill Stëmmen… Wat stëmmt dann elo wierklech? Heiansdo ass et ze komplex, an et weess een net, wat ee maache soll, wou een ufänke soll mat sichen oder mat wiem ee schwätze soll. Et gi Journalisten, déi sech dorop spezialiséiert hunn, ze iwwerpréiwen, wat anerer (Politiker, Experten, Medien) soen: Faktenchecker. Zéckt net, fir si ëm Hëllef ze froen: decheckers.be / belux.edmo.eu

Am Kader vun den aktuellen Ereegnesser an Noriichten, déi fir jidderee wichteg sinn, zirkuléieren dausende vun Noriichten online. Faktenchecker sichen an Ärem Numm no korrekten Informatiounen. Ëmmer nach net zefridde mat der Äntwert? Traut Iech ze recherchéieren, Iech Zäit ze loossen , oder mat enger anerer Persoun ze diskutéieren.