Wann ech

zweiwelen,

dann huelen

ech mir

Zäit fir

nozedenken

Zweiwelt Dir un Informatiounen, déi Dir (online) fonnt hutt? Sidd Dir Iech net sécher, ob Dir gleewe sollt, wat Dir liest, gesitt oder héiert? Loosst alles mol fir e Moment rouen.

Waart drop datt Emotiounen laanscht ginn

Sensationell, uerg oder negativ Noriichte kënnen heiansdo eng staark Wierkung hunn. Dat mëscht et heiansdo schwéier, fir tëschent Fakten an Emotiounen ze ënnerscheeden. Denkt dorun, dass Dir Iech net direkt zu allem eng Meenung bilde musst.

Sammelt Informatiounen ier Dir Är Meenung gitt

Heiansdo gitt Dir vläicht fir Är Meenung oder Äntwert gefrot. Dir musst awer net alles direkt wëssen. Huelt Iech d’Zäit, selwer ze recherchéieren a bestëmmt Saachen ze iwwerpréiwen.

Préift d’Genauegkeet ier Dir eppes deelt

Wann Iech eng (Online-)Noriicht ängschtlech, rosen oder souguer glécklech mëcht an Dir Loscht hutt, se direkt mat Ärem Ëmfeld ze deelen, huelt Iech d’Zäit, d’Korrektheet vun der Noriicht ze iwwerpréiwen, Ier datt Dir se weider verbreet.

Préift duebel

Huelt Iech Zäit, fir eng Noriicht uerdentlech ze iwwerpréiwen. Benotzt eng vun de folgende Sichmethoden: Kuckt Iech dës Videoe vun AFP un

E Gedanken oder eng Meenung ka séier gebilt ginn. Et ass net ëmmer einfach, sech Zäit ze huelen, éier dass een op eppes äntwert. Otemt eng Kéier déif an an aus an iwwerleet, wat Dir wësse wëllt. Ëmmer nach net zefridde mat der Äntwert? Traut Iech ze recherchéieren, mat enger anerer Persoun ze diskutéieren oder en Expert ze froen.