Iwwer dës

Campagne

Echbezweiwelen.lu gëtt Iech Toolen, déi Iech hëllefe wann Dir Zweiwel hutt. Dir fannt hei Rotschléi fir eng efficace Recherche online ze maachen, wien Dir ëm Rot froe kënnt oder mat wiem Dir iwwert Är Zweiwele schwätze kënnt. Eist Zil ass et d’Kompetenze vun den Internetbenotzer ze stäerken a se duerch d’Vilfalt un Noriichten, (Falsch)informatiounen a Meenungen ze leeden, déi online sinn..

Dës Campagne ass Deel vum Projet EDMO Belux a gëtt ënnerstëtzt duerch de Finanzement vun der Europäescher Unioun ënnert der Grant Agreement Nummer INEA/CEF/ICT/A2020/2394296. D’Inhalter vun dëser Internetsäit sinn eenzeg ënnert der Responsabilitéit vum Consortium an d’Commissioun kann net responsabel gemaach ginn fir all Utilisatioun déi kéint mat den Informatiounen aus dëser Campagne gemaach ginn.